Scheckiwwerreechung un d’Télévie: D’Musek Gemeng Dippech ënnerstëtzt Fuerschung

Mat vill Engagement a Solidaritéit huet d’Musek Gemeng Dippech dëst Joer hire Bäitrag zum Télévie geleescht. Am Centre de Promesse zu Schuller huet de Comité am Numm vun de Musikanten e Scheck vun 680 Euro iwwerreecht – eng Zomm, déi duerch den Wanterconcert 2024 an de Verkaf vun Ouschtereeër am Abrëll 2025 zesummekomm ass.

Dës finanziell Ënnerstëtzung ass e konkreete Beweis vum sozialen Engagement vun der Musek, déi säit Jore wichteg kulturell a gesellschaftlech Aarbecht an der Gemeng leet. Duerch d’Kombinatioun vu Musek an engem grousse Solidaritéitsgefill dréit si aktiv zur Ënnerstëtzung vun der wëssenschaftlecher Fuerschung am Kampf géint de Kriibs bäi.

No der Iwwerreechung vum Scheck huet d’Musek dem Publikum mat engem Apérifconcert eng musikalesch Freed bereet. D’Stëmmung war häerzlech an den Engagement vun de Musikanten gouf mat Applaus honoréiert.

D’Musek Gemeng Dippech weist domat, dass Kultur a Solidaritéit Hand an Hand ginn – an dass och mat klengen Akzenter e grousse Bäitrag fir eng gutt Saach geleescht ka ginn.