Vill Aarbescht vir Dippecher Pompjeeen

Vill Aarbescht gouf et den Méindeg den 28,11,2011.

Ugefaang hued et um 11:15hr mat engem Asaatz ob engem Chantier zu Dippech ob der route de luxembourg. Hei war en Aarbechter, deen eng Facade ugestrach haat, ob enger Stee gefall an haat sech dobai mei uerg wei gedoen. Den Mann konnt sech net mei bewegen an gouf vun den Dippecher Pompjeeen mam sougenannten ``Spineboard`` sou stabiliseiert, dass en konnt vum 4ten Stack ob den 5ten Stack, an dun ob den Daach, gehuewen gin. Vum Daach aus gouf hien dun mat hellef vum Steiger vun den Mamer Pompjeeen eroofgeholl an mat der Ambulanz an Spidol bruecht. Vir des Aktioun hued Haaptstroos vir baal eng Stonn missen gespaart gin.Ob der Plaatz waren hei nierwt den Pompjeeen vun Dippech an Mamer och nach den Kantonalinspekter.

Knapp färdeg mat deem engen Asaatz, war och schon deen nächsten hannendrun.
Deskeier war et awer just eng greisser Mazoutspuer, dei hued missen eweg gemeet gin. Dest war teschend Schuller an Bascharage. Dei Spuer hued sech bis ob Bascharage gezunn an mir hun doweint dei Kärjenger Kollegen nogeruf. Well et sech emmer eng greisser Botzaktioun gehandelt hued, gouf Streck teschend Schuller an Bascharage komplet vir iwert eng Stonn gespaart.