Buergbrennen vum Spuerveräin Diirbechter Lach

De 17. Februar 2013 gouf och op der Diirbech d´Buerg gebrannt.
D´Membere vum Spuerveräin Diirbechter Lach hu mat fräiwellegen Helfer fläisseg Beem emgema, Holz gesammelt, d´Buerg gebaut, gebonnen an opgeriicht, ...
Bei de ganzen Aarbechten war den neiste Member vum Veräin, de klenge roude Sputnik, unentbehrlich. :)
De ganze Weekend war hell Opreegung a vill lass am klengen Dierfchen un der Sauer.
Bei engem Pättchen a guddem Ietsebulli gouf d´Buerg dann och um Sonndeg Owend vun der nei bestueter Koppel ugefong.
Si huet laang gebrannt an ass réicht spéit am Owend emgefall.