Schecküberreichung Kiwanis Club Luxembourg

Bei engem Zesummekommen vum "Kiwanis Club Luxembourg" am Cercle Münster, konnt ATDQuart Monde de Memberen vu Kiwanis hire Mouvement mat sengem Objektiver an Aktiounen virstellen.

Den extrae Charakter vum Joer 2017 gouf och erausgehuewen

· 100. Gebuertsdag vum Père Joseph Wresinski, Grënner vun ATD

· 60. Gebuertsdag vum Internationale Mouvement ATD Quart Monde

· 30. Joresdag vun der éischter "Journée Mondiale du Refus de la Misère" 

Jidderee gouf opgeruff sech dem Opruff fir en Handlen géint de Misär unzeschléissen (www.stoppauvrete.org)

Gläichzäiteg gouf och de Projet "La Bise" virgestallt deen manner bemëttelte Familljen erlaabt eng Woch gemeinsam mat hire Kanner am Jura ze verbréngen.  Déi Responsabel vun ATD konnten hei vun de Memberen vum Kiwanis e grousszügege Scheck vun 1.500 Euro entgéinthuelen.