Schüler a Proffe lafe fir de gudden Zweck am LTPEM

En Donneschden den 9. Juni war et erëm esou weit: de Comité Culturel huet invitéiert op säin traditionelle Stonnelaf am Lycée Technique Privé Emile Metz zu Dummeldeng. An och dëst Joer war d’Begeeschterung grouss: 170 Schüler a Proffen si während ronn enger Stonn gelaf fir Sue fir e gudden Zweck ze sammelen.

Dëst Joer geet den Erléis vum Stonnelaf un véier Associatiounen: de Fonds social vum LTPEM, d’Associatiounen ALAN (maladies rares), Asbl Never Give Up a Wonschstär. Villmools Merci an Avis aux Amateurs fir de Rendez-vous vum nächste Joer.