U11 FC Jeunesse Biwer - FC Koeppchen Wormer: Fantasteschën 2:9

No engem enthousiateschen Gebuertsdagsstännchen vir den Eric Weisgerber huet dem Guy Noël seng Equipe ganz schnell an den Match fonnt. Schon no enger Minutt huet den Mattis den 0:1 geschoss an an der 8. Minutt huet den Ivo den 0:2 nogeluecht. Dono ass et dunn e bëssi méi lues weidergaangen, déi Wuermer waren e puermol geféierlech virum Biwer Goal, bis et dunn an der 22. Minutt dem Ivo gelongen ass eng weider Keier ze treffen. Déi Biwer hunn awer dunn e Moment vun Onopmierksamkeet vun deenen Wormer genotzt vir en Lop iwert eisen, bis dohinner bal erkaaltenen Goalkeeper Eric Beckius ze setzen. Dat hunn eis Bouwen sech awer nett gefaalen gelooss an 1 Minutt dono huet d'Gebuertsdagskand dunn zum 1:4 getraff. Déi läscht flott Aktioun virun der Paus war dunn nach een Kappball, deen den Joshua zum 1:5 verwandelt huet.

No enger 5 Minutten Paus huet den Onparteieschen dunn erëm ugepaff. Séier ass et och an dëser Halschent zu 2 Goaler komm déi den Mattis an den Eric konnten op hirem Konto gutschreiwen. Wei dunn den Ivo eng véierel Stonn viru Schluss den 1:8 geschoss huet, war d'Equipe vir een kuerzen Moment liicht desorientéiert an et ass zu engem Selbstgoal vum Fränz komm, deen awer ofgesinn vun dësem klengen Mëssgeschéck een ganz gudden Match gemaach huet. Eng spannend Szene huet sech dunn nach 2 Minutten viru Schluss virum Wormer Goal ofgespillt, mä déi Biwer Equipe konnt awer keen Goal méi vir sech verzeechnen, well déi Wormer gekämpft hunn bis zum Schluss. D'Endresultat 2:9 ass an der leschter Minutt duerch een Goal vum Nils gefall.

D'Equipe an den Trainer kruten vun deenen zahlreichen an treien Wormer Supporter vir hiert gutt Resultat gratuléiert, ier sie dunn an eng wuelverdéngten waarm Dusch konnten goen.