Generalversammlung

03
Apr
03 Apr

Diddeleng. Viru Kuerzem huet d‘Chorale St. Martin hir Generalversammlung am Centre Saint Martin zu Diddeleng ofgehalen. No der Begréissung vun de Gemengevertrieder an alle Gäscht huet d’Presidentin Mme Marguy Braquet-Schalz deenen zwou Dirigentinne Mme Monique Biren-Kettel a Mme Simone Schalz-Kirsch an all hiren Aktive Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht wärend dem Joer. No engem ausféierlechen Aktivitéitsbericht konnt och op eng gesond Keess gekuckt ginn.

E weidere Punkt um Ordre du jour war d’Medaileniwwerreechung vum Piusverband. Ausgezeechent goufen: Mme  Edmée Bertemes a Mme Renate Klons mat der Médaille en bronze (10 Joer),

Den Här Jean-Paul Gangler aus dem Gemengerot a d'Mme Christiane Engel Catéchète titulaire hun dee sozialen Aspekt vun de villen Asätz vun der Chorale besonnesch er vir gehuewe an hinne weiderhin alles Gutts gewënscht. 

D‘Dirigentin Simone Schalz-Kirsch huet hire Sängerinne e grousse Merci gesot an drop higewiesen dat d‘Chorale St. Martin 2027 hier 90 Joer feiert. An dem Kader, an och als Ofschloss vum 100 järege Jubiläum vun de Fresken an der Diddelengerkierch,  steet den 28. Februar 2027 e Concert spirituell um Programm! 

De Rescht vum Owend gouf zesumme gemittlech bei engem gudde Patt ofgeschloss.