Konveniat vum Joergang 1967 aus der Primärschoul Brill vun Diddeleng



23 fréier Schüler déi zesummen hir Primärschoulzäit am Brill zu Diddeleng verbruecht hun an dëst Joer hiren 50ten Gebuertsdag feieren, hun sech getraf.

Sie hun e gesellegen Owend am Restaurant Loxalis verbruecht an vill flott Erënnerungen ausgetosch.

Sie waren iwwregens déi lescht Meedercher a Jongen déi zu Diddeleng an der Primärschoul, dem Geschlecht no a getrennten Klassen waren. Dëst war am 5ten an 6ten Schouljoer.

Spéitstens a 5 Joer wëllen sie sech erëmgesin.