Opléisung vun der "Amicale voam Schleeschen Eechternoch"

14
Jun
14 Jun

No 40 Joer an deenen d’Amicale am Haus präsent war, an sech éierenamtlech engagéiert huet fir de Bewunner vum Haus den Openthalt sou schéi wéi méiglech ze maachen, huet si lo e Schlussstréch gezunn.

D´Gebaier ginn ëmgebaut a vergréissert, dofir ass d‘Haus di nächst Joren zou.

Well et der Amicale hire Wonsch ass, dass hir Aarbecht an hirem Sënn weidergefouert gëtt, huet de Comité decidéiert, all Uschafunge vun de leschte Joeren an och d’Suen, déi nach op hirem Kont waren, der Amicale aus der „Maison des Aînés Belle-Vue“ ze schenken.

No enger leschter Versammlung gouf d’Opléisung vun der Amicale bestätegt. D´Madamm Liliane Schackmann, Presidentin vun der „Amicale voam Schleeschen“, huet no enger klenger Ried, an där si hire Membere villmools MERCI gesot huet fir hiert Engagement, e Scheck vun 33.035 € un d’Presidentin vun der Amicale Belle-Vue, Madamm Jeanne Bourg, iwwerreecht.

Si huet och un di schéi Momenter erënnert, déi d’Amicale am Schleeschen mat de Bewunner an deene verschiddenen Direkteren erlieft huet.

Den Här Alain Dichter, Direkter vu SERVIOR, an d’Madamm Sandra Steffes, Direktesch an der Belle-Vue, hunn der „Amicale voam Schleeschen“ e grousse Merci gesot fir dee generéisen Don, an hunn alle Membere vun der Amicale Blummen an e klenge Kaddo iwerreecht.

Bei engem gemittleche Mëttegiessen, offréiert vun der Belle-Vue, ass fir d‘Amicale eng laangjäreg schéin Zäit op en Enn gaangen.

Mat dem Verspriechen, sech net ganz aus den Aen ze verléieren, huet d’Versammlung sech opgeléist.