Basilika Iechternach. Äddi an Merci, Här Kaplon Ricardo Monteiro. Abschiedsmass.

Sonndeg, 16. Juli 2017 Feierlech Abschiedsmass an der Basilika zu Iechternach.


Würdeg an gudd besichten "offiziell" Abschiedsmass vun éisem Kaplon, dem Här Ricardo Monteiro.


All is Hären Geestlech hunn matzelebréiert mat ganz villen Massdéiner an is ganz Pastoraléquipe waren do an ganz vill Leit an Frënn vun isem beléiwten Kaplon Ricardo, alleguer waren se fir dës schéin an aussergewéinlech "Abschiedsfeier" owes fir 18:30 an d'Owesmass an d'Basilika komm.


Sie all waren do fir dem Ricardo "Äddi an Merci" ze soen an hunn an dëser feierlicher an schéiner Owesmass ganz gudd matgebiied an matgesongen.


Op der grousser Uergel huet den Organist Jean-Marie Kieffer meeschterhaft begleed.


Jiddereen war dann och spontan an ganz häerzlech mat agelueden fir uschléissend no däer schéiner an aussergewéinlecher "Abschiedsmass", op eng flott Réceptioun am Kräizgank vun der Basilika.


Äddi an Merci, léiwen Ricardo. Gottes Segen an ad multos annos.



Fotoen vum alph. steinmetz