d'e-Lake a.s.b.l. présentéiert de Group e-Award


Den e-Lake feiert den 9.;10. an 11. August 2013 seng 18 Joër: Wéi gewinnt bidden d’Organisateuren, an Zesummenaarbescht mam Service National de la Jeunesse (SNJ), jonke lëtzebuerger Artisten d’Chance, virun engem grousse Public opzetrieden.

Am Joër 2013 hunn lëtzebuerger Live-Bands (keng DJ’en) zousätzlech d`Méiglechkeet, en Optrëtt op der Bühn vum Festival ze gewannen.
Interesséiert Gruppen kënnen e Video vun sech un d’e-Lake a.s.b.l. schécken, deen dann op der Facebook-Seit vum Event publizéiert gëtt. (https://www.facebook.com/elake.lu) De Prinzip vum Concours ass ganz einfach an demokratesch: déi Band, déi no enger gewësser Zäit déi meeschten „Likes“ fir hiren Beitraach kritt huet, gewënnt den Live-Optrëtt.
Weider Détailer zu dëser Initiative ginn et ënner www.e-lake.lu an group-e-award@e-lake-lu.