Den 18. November war d'Remise des Diplômes vun der Regionaler Museksschoul Iechternach am Trifolion an Presenz vum Commissaire du Gouvernement à l'Enseignement musical, dem Här Gilles Lacour.
Dëst Joer kruten 182 Schüler am ganzen 261 Diplomer virun engem vollen Sall am Trifolion iwwerreecht an dat och ëmmer jeeweils zesummen mat den politeschen Vertrieder vun den verschiddenen konventionéierten Gemengen.
Den Optakt vum Owend huet den Bigbrass Projekt ënnert der Leedung vum Jhang Kohnen gemaach. Weider goung et dunn mat der Begréissung vum Buergermeeschter Yves Wengler deen allen Schüler fir hier aussergewéinlech Leeschtungen gratuléiert huet an och allen Enseignanten an der Administratioun häerzlech Merci gesoot huet fir hiren onermiddlechen Asaz daat ganzt Joer. Hien huet och den Projet Judeum Epternacum vun der Stad Iechternach virgestallt an der Museksschoul hier vill musikalesch Bäiträg an évidence gesat. Duerno ass d'Zeremonie weider gaangen mat Prestatiounen vun ganz verschiddenen Ensembelen vun Laureaten bei dem déi enorm grouss stilistesch Diversitéit an musikalesch Qualitéit kloer am Virdergrond stoungen. Den Ofschloss vum musikaleschen Deel huet eng Danzschülerin gemaach mat enger eegener Choreographie déi fir den Concours crééiert gouf.
D'Directrice Nadine Eder huet der Gemeng Iechternach, allen konventionéierten Gemengen an dem Ministère de l'Education een groussen Merci ausgeschwaat fir hier Ënnerstëtzung. D'Nadine Eder huet déi enorm Efforten vun den Schüler gelueft an d'Wichtegkeet vum Zesummespillen, vum zesummen Musek maachen, ënnerstrach an drop higewisen dass den musikaleschen Deel vum Owend sech doduerch dëst Joer ganz bewosst just op Ensembelen beschränkt huet.
Ier et dann zur eigentlecher Remise vun den Diplomer iwwergaangen ass, huet den Gilles Lacour d'Enseignanten an d'Schüler fir hiren Engagement an hier Leeschtungen gelueft an huet och den Elteren hier Ënnerstëtzung an évidence gesat an hinnen een groussen Merci ausgeschwat. Hien huet der Gemeng Iechternach an allen konventionéierten Gemengen seng Dankbarkeet fir hier finanziell Participatioun ausgedréckt an den neien Model vum Finanzement vum Museksschoulunterrecht beliicht an d'Wichtegkeet vun der nei agefouerter Gratuitéit ënnerstrach.