Lipoedem Lëtzebuerg asbl seet senge Membere Merci

Nom Motto "Zesummen si mir staark" ass d'Vereenegung "Lipoedem Lëtzebuerg" mat enger Equipe um "The Color run 2017" zu Iechternach gestart. D'Vereenegung ass immens houfreg driwwer, dat déi betraffe Frae bestärkt goufe vun hire Memberen. Si soen dësen e groussen Merci dofir. Mat nëmme 15€ d'Joer kann een d'asbl ënnerstëtzen, déi vir d'Unnerkennung vun der Krankheet "Lipoedem" kämpft. Weider Infoe fënnt en ob hirem Internetsite www.lipoedem.lu.