PARZELÄIN VUN EECHTERNOACH

Vun ca. 1798 bis 1885 (bal 90 Joer) gouf an der Basilika vun Iechternach an dem Prälatefligel Fayence fabrizéiert.

Hei gesäit een Exponater vu Jacques LAMORT an de Gebridder Jean a Pierre ZENS, deeren hir Fabrik den Titel vun "Fournisseur du Roi Grand-Duc" an duerno "Manufacture Royale Grand-Ducale de peinture céramique" krutt.