Rotary Club Echternach-et-Moselle: 2.500€ fir Schrëtt fir Schrëtt asbl.


De Rotary Club Echternach-et-Moselle huet den 30. Mäerz 2025 zu Hueschtert an der Brasserie Um Eck säin traditionelle Kéismëtteg ënnert dem Motto "Wine, Cheese & Friends" organiséiert. Bei gudder Stëmmung a flotter Gesellschaft konnten d’Gäscht Kéis à volonté mat passende Wäiner a Softdrinks genéissen.

Den Erléis vun dëser Veranstaltung – en Don vu 2.500 Euro – gouf integral un d’Associatioun Schrëtt fir Schrëtt asbl iwwerreecht, déi sech fir déi inklusiv Begleedung vu Kanner a Jugendlechen mat spezifesche Besoinen asetzt.

En häerzleche Merci un eis Participanten fir hir Ënnerstëtzung a Solidaritéit.