Singende Klingende Basilika Echternach - Concert *Peace on Earth*

Nodeems den Concert vum Basilikachouer krankheetsbedéngt huet missen verréckelt gin , konnten Sie schlussendlech den 23/12/2022 vill Leit mat hiren schéinen Chrëschtlidder op Chrëschtdag astëmmen. Ënnert der Leedung vum Marc Juncker , an mam Solist Ciaràn Hagen, dem Organist Jos. Majerus, dem Instrumentalensembel vun e puer Enseignantë vun der Museksschoul an der Fm Klass aus der Museksschoul (Isabelle Juncker) konnten Sie d'Leit begeeschteren, déi duerno gären d' Quête zu Gonschte vun der ukrainescher Flüchtlingshëllef ënnerstëtzt hunn .