Lof Oldtimer Breakfast Reka Print

Deen 5ten Breakfast vun der Saison war de Sonnden 18 August beim LOF hirem Sponsor REKA Print. Obwuel Vakanzenzäit ass an Wierder net esou ganz schéi war, waren awer méi wei 60 Oldtimer aus der Garage eraus geholl gi fir sech an der Industriezone zu Ehlerange ze treffen. Fir Kaffi a Mëtsche war gesuergt a Léit fir ze schnësse fënnt een op engem Breakfast ëmmer. REKA Print hat awer och en puer Kaddoe fir seng Gäscht, ënnert anerem een Handduch, Bicker oder ee Block. An hei fannt dir eis Fotoen vun dësem Breakfast.