Den Norry krut 85 Joer

Eise "Stack-Eilenger" Norry krut 85 Joer. Fir esou e schéinen Alter ze éieren huet sech de Schäfferot vun der Gemeng Reckeng op der Mess mam Norry am Beetebuerger Altersheim getraff wou seng Fra, d'Margot wunnt. Sou konnte si zesumme mat hire Kanner Sylvie a Guy an deenen hir Partner Gilbert a Paulette feieren. No dësem flotte Rendez-vous ass d'Rees zeréck op Eileng gaangen, wou am Simon's Bistro bei engem Patt an engem Maufel bis an den Owend era gefeiert gouf.


No der Akerbauschoul a sengem Service beim Militär war den Norry 10 Joer laang als Bauer aktiv, éier hien dunn op d'ARBED zu Schëffleng schaffe gaangen ass. Den 19. Mee 1959 huet hee sech mam Margot bestuet. Heen huet 2 Kanner, d'Sylvie an de Guy an 3 Enkelkanner, d'Cynthia, de Jeff an den Tom.