Generalversammlung vun der EECHER MUSEK

Si get ëmmer méi Multi kulti


Enn Januar hat d’Eecher Musek hir alljärlech Generalversammlung zu Eech am Musekssall. D’Vize-Präsidentin Arlette Zeches – Theis huet all uwiesend aktiv an net aktiv Membere begréisst. No hirer kuerzer Usprooch huet si eng Gedenkminutt ageluecht fir un déi Memberen ze denken déi ons am Laf vum leschte Joer verlooss hunn. Nodeems den austriedenden Sekretär, seng exemplaresch Rapporten an den Tresorier säi Keesebericht virgedroen haten, hunn d’Keesereviseuren Henri Hoffmann, Pascale Guill-Fiegen an Danielle Goebel – Martin dem Trésorier d’Décharge ginn. Dono koum et zu der Nei-Wiel vum Kommitee net-Musikanten, well keng Kandidatur virlouch goufen d’Rose Dell – Mertes an d’Pascale Guill - Fiegen per Akklamatioun fir 2 Joer zeréckgewielt. Nodeems den offiziellen Deel gelaf wor koum et zu der Éierung mat Medaille vun der USMVL, fir de Jean Dell 55 Joer, Rose Dell - Mertes 25 Joer, Marc Goebel 20 Joer, Rafael Pinto Martins 20 Joer a Jean-Marc Schroeder 15 Joer. De Francis Neyer wor wärend 28 Joer Sekretär, Sous-Chef, Verwalter un den Instrumenter an Archivar vum Noutematerial, bei all der Aarbecht gouf et him zevill, hien huet de Sekretärsposten ofginn an sech aus dem Kommitee zeréckgezunn. Mat engem Klenge Kaddo hu mir him villmools merci gesot fir säi formidaablen Asaz all déi Jore wou hie schonn dobäi ass. D’Eecher Musek besteet de Moment aus 34 Aktiven an 100 Memberen. Ons Museksschoul huet 53 Schüler dovun der 38 déi en Instrument spillen. De Conseil d’administration besteet aus 8 Memberen, Präsidentin Arlette Zeches – Theis, 1. Vize-President a Sekretär Jean Dell, 2. Vize-Presidentin a resp. fir d’Museksschoul Sandy Guill, Trésorier Vladislav Radzdobarin, resp. Medailles Pascale Guill – Fiegen, resp. Uniformes Rose Dell – Mertes, resp. Catering Manuela Wiseler a Marc Goebel. Éierepresidente si Jean Hamilius, Paul Decker a Camille Bichler, an Eiere-Vize-Präsidente sin Ady Schammo a Josée Baum – Seyler. Onse Fréijoersconcert ass den 20. Abrëll am Drescherhaus zu Dummeldeng.