Summerlech Stëmmung am Foyer Chomé mat Île aux Clowns

D'Ekipp vun Île aux Clowns waren nees mat hirem Spektakel ënnerwee an hunn dës Kéier fir d'Bénéficiaire vum Foyer Chomé vun der Croix Rouge en Optrëtt absolvéiert. Um éischte richtege Summerdag vun dësem Joer hunn si international bekannte Lidder gesongen a mat hire Clownereie Grouss a Kleng, Al a Jonk begeeschtert. D'Stëmmung war immens am Gaart vum Foyer. Mat internationale Spezialitéiten ass de Nomëtteg ofgeschloss ginn an huet iwwerall zefridden a glécklech Gesiichter hannerlooss.