Flotte Spektakel vum Trio Aurora

29
Nov
2023
29 Nov

Flotte Spektakel vum Trio Aurora

Dëse musikalesche Spektakel mam Trio Aurora am Kader vum 125. Anniversaire vun der Harmonie Äischen huet den 11. November am Centre Culturel Jean Wolff zu Äischen stattfond. De Numm Aurora kënnt vun Aurora Borealis, an dat huet eppes mat den Nordliichter ze dinn, musikalesch vergläichbar mat deenen verschiddenen Klangfaarwen vun den Instrumenter.

De Concert war een musikaleschen Spektakel an engem improviséierten Coiffeursalon mat vill Hin an Hier zwëschent dem Cindy Garofalo (Klarinett) an der Roll vun der Botzfra, dem Malou Garofalo (Klarinett a Bass-Klarinett) an der Roll vun der Prima Donna an dem Claude Schlim (Euphonium a Piano ) an der Roll vum Figaro, dat ganzt musikalesch ënnermoolt mat Deeler aus Wierker vun:

Le barbier de Séville / G.Rossini ; Oblivion / Astor Piazolla ; Fantasia / Donato Lovreglia ; A Whole New World / Alan Menken arr.Bryan Louiselle ; The Typewritter / Leroy Anderson ; Arie"Die Hölle kocht in meinen Herzen/W.A.Mozart ; Trio /Witold Lutoslawski ; Guillaume Tell/G.Rossini arr.LuigiMagistrelli ; Paganini Variations/Niccolo Paganini an Rondo pour rire/Norbert Berthelmy.

Déi vill Nolauschterer waren begeeschtert nët nëmmen vun der exzellenter musikalescher Prestatioun (eis däitsch Noperen gengen soen "Musik vom Feinsten und für jeden Geschmack ") mä och vun der Presenz vun den Akteuren op der Bühn an hun mat enger "Standing Ovation" Merci gesot fir dësen flotten Spektakel.

Merci gesot hun och déi dräi Solisten mat engem Bis .

Zum Ofschloss huet d‘Presidentin vun der Äischener Musek, Peggy Klein, Blummen iwwerreechen gelooss un d‘Memberen vum Trio Aurora, an allen Sponsoren a Sympathisanten Merci gesot fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun dëser Manifestatioun.

(Text : Robert Weyland)