Fuesméindeg zu Ell

04
Mär
2019
04 Mär

LET'Z FOES... Och d'Fuesend as zu ELL eng lass....d'Spillerinnen an d'Spiller vum SC ELL invitéieren Iech op hieren Fuesbal zu Ell beim Margot. Den Orchester Armand Niederkorn suergt duerfir dass keen Danzbeen roueg bleift.

Fir Iessen an Drënken as natierlech beschtens gesuergt an eis flott Fuesdekoratioun mecht dem Margot sain Café nach méi heemlech. Lass geet et ab 21:00.