„Coco Superstar“ fir de gudden Zweck

Den Cycle 4 aus der „Ecole centrale d'Elvange“ aus der Gemeng Schengen huet mat vill Erfolleg zwee Deeg e Musical mam Titel „Coco Superstar“ opgefouert.

Déi zwee Owender goufen och gutt Sue verdéngt, déi engem gudden Zweck zoukomme sollten. E Scheck vu 500 Euro gouf lo vrun e puer Deeg un d'Fondatioun Raoul Follereau iwwerreecht, fir de Pygmeeën am Congo ze hëllefen, an déi aner 500 Euro goufen u „Les amis du Bonobo en Europe“ gespent (och am Congo).

Bei der Scheckiwwerreechung wor och d'Claudine André do, dat am Congo lieft an och schonn e Film iwwert d'Bonobo-Afe gedréit huet. (C.)