Äischer am Kiischpelt

Äischer am Kiischpelt mat vill Elan op Renovatioun vun alen Häiser.

Enscherange, Luxemburg - Äischer läit am Klierfdall.

Op der "Lou", net wäit vum Duerf, ass e Konfluenzpunkt. Do kräize sech de sechste westleche Längegrad an de fofzegsten nërdleche Breedegrad. D'Plaz ass mat enger Zort Sonnenauer um Buedem markéiert, déi de Kiischpelter Sonnekrees genannt gëtt.

Als fréier Herrscherresidenz gëtt Äischer duerch seng schmuel Gaassen an dat aalt Schlass charakteriséiert.

D’Schlass, fréiert Herrschaftshaus vun der Adelsfamill "von Enschringen", leider nëmme vu baussen ze besichtegen, gouf Enn vum 17. Jorhonnert erbaut a befënnt sech säit langem a Privatbesëtz.

Am ënneschten Duerf fënnt een d’Rackésmillen, déi letzt intakt Waassermillen un der Klierf. Dës aus dem Joer 1334 staamend Mille gëllt ausserdem als eng vun deenen eelsten am Land.Rackés Millen, déi eenzeg Millen am Land, déi nach mat Wasserkraaft schafft. En ëmgeleeten Aarm vun der Klierf dreift e Waasserrad vun ënnen

D'Kierch zu Äischer ass eng kathouleschKierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Laurentius, deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Antonius mam Schwäin. Eng schéin al Statu steet hei vum Äerzengel Michael.

D'Kierch steet op enger Knupp an enger Säitestrooss vun der Strooss Iewescht Duerf.