Concert "Orpheus Klavier Trio" an der Eppelduerfer Kierch

Samsdeg, den 4. Juni haten den Syndicat d'Initiative et de Tourisme Aerenzdallgemeng invitéiert op e Fréijoersconcert mam Orpheus Klaviertrio mat Gäscht.
Gespillt hun :
Martin Pillwein, Klavier
Bernhard Pillwein-Rose, Violine
Christiane Gerlinger, Violine
Frolieb Tomsits-Stollwerck, Viola an Sopran
Ceciel Strouken-Knaven, Violoncello

Um Programm stungen Wierker vun Joseph Haydn (Klaviertrio C-dur Hob. XV:21) an Antonin Dvoràk (Zigeunermelodien Op.55 an Klavierquintett A-Dur, op. 81).

D'Eppelduerfer Kierch war gudd gefëllt mat Melomanen, déi sech konnten erfre'en un dësem schéinen Concert.

Nom Concert huet d'Aerenzdallgemeng invitéiert op en Éierewäin.