Aerenzdallgemeng – Foto Concours 2019

AERENZDALLGEMENG – FOTO CONCOURS 2019

D’Kultur- an Ëmweltkommissioun vun der Aerenzdallgemeng organiséiert e Foto Concours am Joer 2019 ënnert dem Motto « Aerenzdall – Wéi gesinn ech meng Gemeng ? »


Et geet drëms, dat d‘Awunner vun der Aerenzdallgemeng mat Photo‘en weise wéi si hier Gemeng gesinn iwwert e Joer. De But ass fir déi multipel Facettë vun der Gemeng wärend 12 Méint ze weisen.


Aschreiwe kann een sech bis zum 31.01.19 mat enger

e-mail un culture@aerenzdall.lu, mam Umeldungsformulaire, deen en op https://bit.ly/2Du1uxZ ) eroflueden kann, zesumme mam Reglement.

All Mount soll eng Foto, mat engem Titel an der Lokalisatioun, erageschéckt ginn, virum 2e Méindeg vum nächste Mount op déiselwecht email-Adresse culture@aerenzdall.lu .


D’Fotoe mussen alleguerten um Territoire vun der Aerenzdallgemeng gemeet ginn, all Mount vum Joer 2019 soll mat enger Foto ugewise ginn.


D’Participatioun um Concours ass gratis an op fir all Awunner vun der Aerenzdallgemeng.

Et gëtt 2 Kategorien.

• Eischt Kategorie : Jonker bis 14 Joer

• Zweet Kategorie : Jonker / Erwuessener vun 14 Joer un


D’Fotoe ginn anonym dem Jury ënnerbreet an d’Selektioun gëtt gemeet op Originalitéit an de Gedanken hannert de Biller.


Ze gewanne gëtt et en éischten, zweeten an drëtten Präis an all Kategorie. D‘Gewenner kréien och e Foto Album mat hiere Biller. Eng Expositioun wäert herno eng Selektioun vun de Biller weisen.