Generalversammlung Syndicat d’Initiative et de Tourisme Aerenzdallgemeng 2019

De 27. Februar war am schéine gewölfte Keller vum Haerenhaus zu Eppelduerf d‘Generalversammlung vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme Aerenzdallgemeng a Präsenz vun de Memberen, Vertrieder vun der Gemeng, vu verschidde Syndicater aus der Regioun Mëllerdall, Vertrieder vum ORT Mëllerdall an dem Leader Mëllerdall a vu Veräiner aus der Aerenzdallgemeng.

No enger Gedenkminutt fir den Néckela Kisch, Member am Comité, deen 2018 vill ze fréi vun eis gaangen ass, huet de President Pit Friederes jidderee begréisst. Den Aktivitéitsbericht vun 2018 huet d Sekretärin Linda Gedink presentéiert, ënnert anerem iwwert de Buerfousswee an Motorikpark, de klassesche Concert am Juli an der Eppelduerfer Kierch, verschidden Aktivitéite fir Senioren an der Gemeng, eng Hierschtwanderung an natierlech d’Haapt Organisatioun vum SIT : de Weekend vun de Lëtzebuerger Produkter den éischte Weekend vu September. Mat enger Zielmaschinn si méi wéi 3000 Visiteure erfaasst ginn, an och déi méi wéi 30 Aussteller ware ganz zefridden. Den Tourist Info, dén um Camping Kengert fonktionéiert, huet duerch de Leader Projet „Tourist Info 2.0“ eng Opwäertung kritt.

De Finanzbericht vum Caissier John Beneké huet mat engem klenge Mali ofgeschloss, bedéngt duerch verschidde Montants, déi eréischt am Januar 2019 um Kont erakomm sinn an duerch d’Uschafung vun engem Defibrillator beim Buerfousswanderwee. D’Keeserevisore Paul Schackmann a Bob Bintz hun d’Versammlung gebieden, dem Keessiär Entlaaschtung ze ginn. Et war fir den John Beneké seng läscht Generalversammlung als Trésorier, hie gëtt ersat duerch Michelle Marzona-Fior. Och de Paul Schackmann huet als Keeserevisor seng Demissioun ginn, a gëtt ersat duerch Josette Ries-Schaack.

De Programm 2019 ass dunn presentéiert ginn, ënnert anerem de Weekend vun de Lëtzebuerger Produkter, deen den 31. August an 1. September 2019 an der 30er Editioun wäert organiséiert ginn. Och ass deen Anniversaire e Moment, fir sech Gedanken iwwert d’Zukunft vun dësem Weekend ze maachen. Et soll versicht ginn, eng dauerhaft Léisung ze fannen, déi iwwert de Benevolat erausgeet an derfir suergt, dat dës flott Manifestatioun ka bestoe bléiwen.

Och wäert erëm en Ausflug fir d’Seniore gemeet ginn, dobäi sinn d’Lett iwwert 60 déi wëlle matfuere gebieden sech beim Syndicat ze mellen (Tel. 691-837186 oder contact@medernach.info) well duerch den Dateschutz keng Adresse vun der Gemeng méi däerfe weidergeleet ginn.

No den Usprooche vun den Invités ass den Owend mat engem gudde Patt a e puer gutt Saachen déi lokal an der Gemeng produzéiert ginn, ausgeklongen.

Kopie vun dësem Bericht fannt der um www.medernach.info