Gaart an Heem & Gesank Iernster asbl ënnerstëtzt "Trauerwee asbl"

Iernster. Virun der Generalversammlung vum Gaart an Heem & Gesank Iernster asbl vum 28.02.2026, hunn d’Membere vum Comité am Numm vum Veräin e Check iwwer 1.500 EUR iwwerreecht. Dëse Check krut den Här Zuccoli als Vertrieder vun „Trauerwee asbl“, de bei der Geleeënheet d’Aarbecht a Philosophie vun der Associatioun den 42 Memberen, di present waren, erkläert huet.