Al Goudronsanlag um Dreieck, wou flëssege Goudron fir d'Stroossen gewiermt gouf

gouf vrun enger Reih Joren ofgerappt a vru Kuerzem goufen déi Tanken am Buedem vun enger spezialiséierter Firma fir deiert Geld am Ausland "entseucht", de Chantier war hermetesch ofgerigelt an nit fir Onbefugter zougänglech;

fréier gouf ët nach kee Bitumteppech als Stroossebelag, moies fréih gouf zu Angelduerf Goudron gewiermt, sou datt e flësseg gouf; déi gliddeg, schwaarz a sténkeg Flëssegkeet gouf dann an ee Camion-Citerne gepompelt. d'Stroosse goufe vun engem Aarbechter, mat Schutzschierteg voll flëssege a pëschege Goudron bedeckt, doriwer gouf du renge Splitter gestreet; Schëlter "Achtung Rollsplitt" mat Vitessebegrenzung während e puer Wochen opgestallt; du; och futtis Parebrisen goufen d'Affer vu Stengecher, déi vum Géigeverkéier an d'Glas katapultéiert goufenr; duerno goufen déi Stengecher, déi nit festgepëscht waren, ewggekiert, d'Schëlter eweggeholl; Am Summer, wann ët gudd waarm war, ass de Goudron gelaf an dann huet ët geheescht, doheem den Auto propper maachen mat engem "Teerentferner":