Beim Liese vum WORT moies fréi um Hiwwel vis-à-vis gesinn

Wéi gewinnt gëtt moies fréi bei der Kichefënster d'WORT gelies, dat schonn géint 4 Auer a méng Bréifkëscht geschuppst gëtt. Well haut keen Niwwel ass, ass d'Sonn gläich do an am Hiwwel vis-à-vis iwwert dem Patton-Denkmal fällt e Bam op, deen nawell e schéine Schied op d'Weed gehäit. Gläich niewendrunn sinn e puer Ranner schonn am Gaang säftegt Gras ze friessen.