Chrëschtconcert vun der CONCORDIA fir ee gudden Zweck

Fir 16 Auer um 3. Adventsonndeg hat d’Concordia vun Ierpeldeng un der Sauer op hiren traditionelle Chrëschtconcert an der Porkierch invitéiert. Déi wonnerschéi Krëppchen hannen op der Fraesäit war grad zur Zäit fäerdeg ginn an d’Aarbecht vu 5 fläissege Persounen aus der Por gouf bewonnert. Vill Gäscht, ënnert hinnen de Minister Fernand Etgen, waren an d’Porkierch komm, wou si verwinnt goufen mat bal 2 Stonnen Musék a Gesank, propper a erfrëschend virgedro vun deene verschiddenen jonken an eelere Memberen vun der Concordia. Den Erléis ass dëst Jor virgesinn zu Gonschte vun engem Caritas-Projet am Bangladesh. Nodeems d’Madame Marie-Josée Jacobs, Présidentin vu Caritas Lëtzebuerg, hir Freed an hire Merci heiriwwer ausgedréckt hat, huet si kuerz iwwert dëse Projet geschwat, wou ët drëm geet, Leit ze hëllefen, deenen ët am Ablack wäit ewech vun eis nit gudd geet an déi an hirer batterer Nout op Hëllef ugewise sinn.

Dunn huet de Président vun der Concordia Fränz Jacobs d’Frënn vun der Concordia begréisst a matgedeelt, datt den Här André Bauler, Deputéierten vun Ierpeldeng, leider verhënnert wir. Duerch de Programm huet den André Thull gefouert. De routinéierte Conférencier, sèlwer Musikant um Saxophon Bariton, huet sou allerlee „Kriddleches“ ernimmt a kritesch kommentéiert. Muncheree wäert sëch vru Chrëschtdag heimat a Gedanke beschäftegen.

Dunn huet d‘Jugendmusek vun der Concordia ënnert der Leedung vum Jeff Schiltz den Ufank vum Concert agelaut. Déi jonk Lait hu gespillt a gewisen, datt si op hiren Instrumenter, dobäi och Batterie, Kënner sinn. No den éischten Täkt huet sech Chrëschtdaagsstëmmung breet gemeet. Si kruten dofir de verdéngten Applaus.

Du wor ët um jonken talentéierten Uergelvirtuos Joé Lahos, fir op brilliant Aart a Weis e puer Stécker op der Eisenbarth-Uergel ze spillen.

Hee war ët och, deen duerno um Piano de gemëschte Chouer begleet huet, deen sech vrum Haaptaltor opgestallt huet. Ënnert der Direktioun vum Claudette Zeimes sinn deels roueg an besënnlech, deels hell ewech temporäich eng Reih gudd ageprouften Arrangementer gesong ginn. D’Freed stong den Dammen an Hären am Gesiicht an huet d’Nolauschterer spontan ugestach.

Du war den Tour un der Musék. Hire laangjäregen Dirigent Jean-Pol Meis hat eng Reih flott an deelweis schwéier Kompositiounen erausgesicht, déi mat Brio virgedro goufen. Eenzel Solisten a speziell jonk Musikanten op Batterie, Pauken a Xylophon sinn opgefall.

Als Intermezzo gouf vum Président Merci gesot un d’Adress vu Gemeng an alle Lait, déi op dës an déi Manéier zum gudden Oflaf vun dëser Manifestatioun bäigedro hunn. Wéi dunn als Ofschloss vum Concert Musék a Gesank zesummen 2 Stécker zum Bèschte ginn hunn, war d’Begeeschterung um Héichpunkt. Et war een imposant Bild:

-vir d’Musikanten, an hiren déischterbloen Uniformen, iwert d’ganz Breet vum Kiercheschëff, mat hire blénkegen Instrumenter rondrëm de groussen Adventskranz, wou 3 Käerze gebrannt hunn, an ënnert den An vun der Muttergottes a vum Hellege Jousef,

- lénks de Piano,

-an der Mëtt den Altor wou soss d’Masse gelies ginn

-hannen, 2 Treppléke méi héich vrum Haaptaltor, de Gesank, elegant am schwaarze Gezei mat orange-roudem Accessoire.

Jidderengem gouf ët bei der Apotheos vun dësem Chrëschtconcert waarm ëm d’Häerz. Mat engem klenge Grëff an de Portemonni beim Verloosse vun der Kierch goufen och déi Onglécklech am Bangladesh nit vergiess.