D'Fuesend ka kommen

An de Geschäfter kann een ët gesinn: Geschwënn ass Fuesend. Regaler voll Kostümer, Hitt (vum einfache Sombrero bis zum elegante Borsalino mat Goldstéckereien) , Masken, "gëlle" Krounen an Diadeemer, Schminkartikelen, Krawatten, Brëller, Fuesbännecher, Konfetti, Waffen, Juxspray an .. an .. an ... . Grouss a Kleng wäerten ët nit liicht hunn, sëch z'entscheeden. De Portemonni wäerd mussen dru gleewen, mee schliesslech ass nëmmen eemol Fuesend am Jor. Da lass!