De Karschnatz huet schonns laang ugefaangen

Ferm gestëpst huet ët, wéi de Mähdrescher zu Ierpeldeng haut am Nomëtteg iwwert dat grousst Feld vis-à-vis vum Pattondenkmal tëschend Sauer a Porte des Ardennes bei 34 Grad Hëtzt gefuer ass. Stréih gouf ët genuch. Hoffentlech gëlt dat och fir d'Kären um Hallem.