De Kleeschen mat Schnéi am Gepäck zu Ierpeldeng op der Sauer

Den 1. Adventssonndeg hat de Kleeschen a séngem Agenda stoen, fir d'Kanner aus der Gemeng Ierpeldeng besichen ze kommen. Dee Schnéi, dee schonns vu Moies unn gefall war, huet dat wibbelegt Vollék sou richteg a Stëmmung bruecht. Munchereen wäert op säi Wonschziedel ee Schlitt geschriwwen hunn an huet ewell dräi Deeg vrun Nikloosdag vun enger rasanter Descente an enger vun deene ville Wisen rondrëm Ierpeldeng gedreemt. Um 3 Auer gouf de Kleeschen mat séngem schwaarze Gesell am Park beim Schlass empfang. De Syndicat d'Intiative an d'Musék ware komm, fir deen hellege Mann, nodeems e mat dem Houséker op enger Kutsch, déi vun zwee Päerd gezu gouf, bis bei de Centre Culturel ze begleeden. Do hu well vill Kanner a Grousser trotz Schnéi a Keelt op deen héige Besuch gewaart. De Festsall an d'Tribün ware wonnerschéi gerëscht. D'Schoulkanner hate mat hire Biller de Kleeschen zerguddst iwwerrascht. Op der Tribün gouf dem Kleeschen vum Här Kuffer am Numm vun de Kanner Merci gesot, datt heen trotz engem gudd gefëlltenTerminkalenner déi Ierpeldenger nit vergiess huet. Du goufen d'Tiitecher verdeeelt, Rutten huet den Houséker keng missen ausdeelen, ët goufe Fotoe geknippst drop an derwidder. De Kleeschen huet mat bal all Kannt fir e Bild poséiert. Den Houséker wir nawell bal jalous ginn. D'Stëmmung am Festsall war flott. Bei engem gudde Patt oder engem waarme Kaffi gouf nach laang gefeiert.