Endlech ass de Reen komm, d'Baure freeën sech, an d'Kauzekäpp am Weier och

Endlech! Lo ass en do: De Reen, op deen virun allem eis Baueren sou laang gewaard hunn. Lo kann den Dünger an de Buedem zéien.Jiddereen freet sech heiriwwer, och d'Gärtner, sief ët de Klengärtner doheem oder eis Beruffsgärtner, deenen duerch d' CORONUS-Pandemie den Ofsaz zum groussen Deel eweggebrach ass. Lo brauchen déi jonk Planzen, Geméis oder Blummen, nit méih mat deirem Drénkwaasser genetzt ze ginn an ët ka geséint a geplanzt ginn. Hoffentlech huet dat Ganzt eng Mooss, soss kënnen Trakteren a Maschinnen nit op Wisen a besonnesch op d'Felder. Dat géif och nach feelen! A méngem Gaard steet zënter e puer Deeg eng Schubkar, déi leeft bal iwwer, obwuel de Buedem drënner nach dréchen ass, een Zeechen datt si nach dicht ass. D'Fräschenär am Weier, duerch eng grouss Passette virun de Fësch geschützt, kommen nawell gudd virun.