Eng Piqueniquebänk un der Haaptstroos am Schied nieft dem Ierpeldenger Wappen

Eng 150 Meter vum Dräieck , hannert dem Uertschaftsschëld, hunn d'Gemengenaarbechter dem Ierpeldenger Wappen nees eng Schéinheetskur verpasst. Pällemhecke goufen zréckgeschnidden, mat frëschem Mulch a Stengecher ass ët gelongen, den Ierpeldenger Wappen nees gudd sichtbar ze maachen.

Direkt niewendrunn steet een hëlzene Piqueniquegrupp, zwou Bänken mat engem Dësch an der Mëtt. Hei kënnen sech Touristen gemittlech am Schied erblosen a stäerken.