Fir d'éischte Kéier NILGÄNSEN vrun der Kamera

Um 9 Auer haut de Moien, 27.8.2018, souzen an dem grousse Feld tëschend dem Patton-Denkmal an derPorte des Ardennes, direkt widdert der Haaptstroos, eng 30 gréisser Vigel, wéi ech der nach keng gesinn hat.Si hu Gras a Stréihrèschter gefriess, déi vru kuerzem vum Mähdrescher iwwregbloufen, nodeems de Wantergeescht geméint war. Ech hu mech mol misse schlau maachen bei engem léiwen Här, deen iwwert Vigel gudd Bescheed weess.

D'Nilgänsen war ursprénglech eng afrikanesch Vullenart, déi nom 2. Weltkrich gär an Déireparke gehal gouf a vun do entflunn ass.D'Nilgänsen hunn sech dunn a ganz Europa ugesiedelt, och zu Lëtzebuerg.

Am Summer sammlen se sëch an Träpp un der Musel , un der Sauer an anere Gewässer.

Wéi ech matgedeelt krut, sinn se an der Géigend-Ettelbréck-Dikrech nawell nit seelen..

Lo weesss ech Bescheed a si gespaant, ob a wéini ech där Borschten nach eemol ze gesi ktéien.