Fréier eng grouss a bekannt Molkerei, haut an engem desolaten Zoustand

D'LADUNO war mol eng grouss a modern Molkerei, wou haaptsächlech d'Mëllech aus dem Norden ugeliwwert gouf. Si gouf an zwee grousse Siloë stockéiert. D'Ram gouf duerno zu Botter verschafft. An der LADUNO waren eng Reih Lait beschäftegt, déi zu guddem Deel vun Housen erof koumen, wéi do d'Molkerei zougemaacht gouf. No der LADUNO gouf och d'Strooss benannt, wou haut vill gebaut ass.

Zu Ierpeldeng krut een eng Reih Produkter ze kafen : Youghurt, Bottermëllech, Mëllech, och UHT-Mëllech a verschiddene Verpackungen, Kachkéis, fir der nëmmen e puer ze nennen.

D'LUXLAIT ass aus der Stad op de Rouscht geplënnert. D'Konkurrenz aus dem Ausland stellt d'Baueren vrun e Choix, wat de Literpräis vun der Mëllech betrëfft.

Haut ass d'Gebai amgaang ze verfalen. Eng Busentreprise benotzt een Deel vum Haff als Parkplaz.

De Propriétaire vum Gebai schéngt nit bereet ze sinn, d'Kaarten op den Dësch ze leeën, wat en hei wëlles huet. D'Ierpeldenger Gemeng gesäit dat nit extra gär, well si méih oder manner konkreet Pläng huet.