Honnerte Krukerten bei kalem Nordwand ënnerwee a Richtung Süden

Sonndes, den 28. Oktober, géint 3 Auer nomëttes, sinn iwwer Ierpeldeng eweg Welle vu Krukerten, bei schaarfem Nordwand a flottem Tempo a Richtung Süden geflunn. Ween dobausse war, konnt déi vill Vigel gudd héiren, déi ënnert de groe Wolléken iwwer Ettelbréck verschwonne sinn.