Merci, Kleesschen, fir d'Spillsaachen an d'Séissegkeeten!

Nikloosdag ass eriwer. Mir zwee, de Vic an ëch, ware schonns vu 7 Auer unn op de Been. Merci, Kleesschen, du hues ët gudd mat eis gemengt. An der Salle à manger um Dësch louchen d'Nikloskadoën, schéi verpaakt a coolem Kadospobeier. Derniewent stongen 2 Telleren mat allerlee Séissegkeeten. Fënnef Minutte méih spéit war alles ausgepaakt. Hurra, Kleesschen! Du hues näischt vergiess. Och op den Telleren war bal alles mega lecker, déi déck Nëss hätten nit misse sinn. Déi versuerge mir bis zum Schluss. Déi halen sech laang. D'Schoklassaachen an d'Clementinen komme fir d'éischt un d'Reih. De Pobeier hu mir schéi gefaalt a mat den Nëss op d'Couche geluegt.

De ganzen Dag hu mir gespillt. Lo gëtt geschlof, well mar ass nees Schoul. Gott sei Dank ass dann nomëttes fräi. De 7. Dezember fällt dëst Jor schliesslech op een Donneschdeg. Sou kënnt dat ëmmer sinn.