Niwwel kënnt a geet bannent 10 Minutten, da gëtt ët séier däischter.

Wéi méng Fra an ëch freides nomëttes, 17. November, géint halwer 4 zu Bollendorf hannert der Bréck riets ofgebéit sinn a Richtung Dikkrech, huet d'Sonn eis direkt an d'Gesiicht geliicht. Si stong sou déif, dass mir d'Sonneblenden hu missen erofklappen, soss hätte mir näischt gesinn. Ënnerwee hannert dem Grondhaff, wou de Radar drop lauert, fir déi presséiert Chauffeuren ze blëtzen, huet ee gemengt, an de Bëscher liicht Niwwelputschen ze gesinn. Mee wéi mir doheem zu Ierpeldeng- wuelverstanen op der Sauer - ukoumen, du loug op där grousser Wiss vum Dräieck laanscht d'Pattonsbréck an d'Eisebunn fir an d'Éislek eng Niwweldecken. Déi ass bal bis widdert d'Haaptstrooss gaang. D'Sonn war schonn iwwert dem Pattondenkmal ënnergaang, mee um Himmel hunn e puer Wollékerèschter rout geliicht. Ech sinn op den 2. Stack gelaf an hu vun der Kichefënster eraus bannent 8 Minuten eng Reih Fotoë gemeet. Ech war iwwerrascht, wéi ech gemierkt hunn, datt d'Niwweldecken an där kuerzer Zäit ëmmer méi schmuel gouf. Déi gréng Sträif laanscht d'Porte des Ardennes ass séier méih breet ginn. D'Bréck, déi lo geschwënn opgerappt gëtt, an d'Zich ware gudd ze gesinn. D'Stroosseluuchten hunn och nach nit gebrannt. Déi ginn eréischt um 5 Auer ageschallt. Ëm déi Zäit ass ët da schons bal däischter an déi vill Fëschrèer, déi daagsiwwer do op Mais laueren, sinn da verschwonnen. Iwwregens ass déi Plaz um 2. Stack bei der Fënster déi Plaz, wou ëch moies fréih kuerz no 4 Auer an aller Rouh d'WORT liesen, dat vun engem waakregen Här no engem geschéckte Manöver mat séngem giele Renault am Réckwäertsgang a méng Bréifkëscht geschuppst gëtt. Haut ass Samsdeg, dann ass d'WORT extra déck an ët dauert eng Éiwegkeet, bis um 6 Auer déi éischt Noriichten op Radio Lëtzebuerg kommen. Well ech dofir dacks sou fréih moies opstinn, besteet méng besser Halschend drop, datt ech um Bäifuerersëtz muss Plaz huelen. Si fäert, datt ëch ënnerwee kënnt hannert dem Steier aschlofen. Normalerweis léisst si sëch vu mir kutschéieren.