Trauliichter, Gegrilltes, Spill a Spaass um lèschte Schouldag am Schlasspark

D'Léierpersonal vun der Ierpeldenger Grondschoul hat vun deem gudde Wieder profitéiert, fir de lèschte Schouldag vrun der Allerhellgevakanz am Schlasspark ze feieren. Hei gouf schonns fréih alles geriicht, fir datt um 12 Auer déi vill hongreg Kanner nieft engem gudde Gedrénks och eppes z’iesse kréichen. Et konnt gewielt ginn tëscht Gromperekichelcher, Thüringer, Mettwurschten. Mayonnaise, Ketchup a Moschtert hunn nit gefeelt. D’Lait hannert dem Grill hu geschweesst, well d’Schlaang war nawell laang. Mee ët gouf nit gedréckt a gestridden. Déi grouss Kanner hate schonns vru Mëtteg déck Rommelen gewäsch, gekäppt, ausgehillegt . Mond, Nues an An goufen erausgeschnëppelt. Do kommen owes, wann ët däischter ass, Käerzen dran a da gëtt dat Trauliicht op d’Fënsterbänk gestallt fir d’Lait fäerten ze doen. Iwwregens ass et nit sou liicht, Rommelen erbäizekréien, well där kaum nach ugeplanzt ginn. Mee den Néckel, Bauer aus dem Duerf, hat versprach, een Unhänger voll Rommelen op d’Plaz ze bréngen. Heen hat ët gudd gemengt, well ët bloufen der souguer nach rèscht. Nom Iessen gong ët dunn am Park op déi Plazen, wou Spiller a Bastelaktivitéiten um Programm stongen. Mat Bou oder „Armbrust“ huet ët geheescht, wéi deemools de Wilhelm Tell een Apel um Kapp vu séngem Jong ze geroden. Och Keele gouf gespillt, mat Käschten Eechelen a Blieder Konschtwierker un déi déck Beem gezaubert. Bei engem anere Spill huet een am Leie musse weisen, ween dee Stärkste wir, egal ob Jong oder Meedchen. Bei engem Gänsespill huet ee missen Froen dorëmmer op de Beem sichen an dann déi richteg Äntwerte fannen. Artistesch Leeschtunge waren och gefrot. Et kann een nit alles opzielen.

Am Nomëtteg koumen och verschidden Eltere laanscht. D’Stëmmung war ausgezeechent an d’Zäit gong séier erëm. Um 4 Auer war ët du gedon. Lo fänkt dann déi wuelverdéngten Allerhellgevakanz unn. Äddi Schoul!