Traureg - Dreck vum Fastfoodshop mat dem groussen M land an der Ëmgéigend

Alt nees gëtt rondrëm den Dreieck den Offall vun dem Drive-in Iess- a Gedrénksartikelen aus dem Fastfoodgeschäft zu Angelduerf laanscht d'Strooss an op de Busarrêten, wou d'Schoulkanner aus- an aklammen entsuergt. D'Aarbechter vu Ponts et Chaussées a vun der Gemeng ginn nit färdeg, ëm Chrëschtdag aJoresenn de Knascht opzerafen an déi orange Drecksdëppen eidel ze maachen. Déi Firma sollt emol nees drop higewise ginn, datt hiren Offall ee Probleem ass. Eisen Erzbëschof huet bei der lèschter Sprangprëzessioun zu Iechternach haart an däitlech duerch de Mikkro gesot: "Dat ass eng SAUEREI!"

Wann sëch näischt deet, da sollt déi Firma eng säfteg Kautioun op hire Verpackunge verlaangen. Oder ët gëtt eng Sammelaktioun gestart an da gëtt dee ganze Knascht mat Ketchup a Mayonnaise op hire Parking getippt. Zu Ierpeldeng hunn d'Schoulkanner Schëlter gemoolt, wou drop steet, wo den Dreck hi gehéiert. Déi Grouss sollten sëch ee Beispill heirun huelen. Doheem wäerten si hir Wunneng jo och nit als wëllen Drecktstipp benotzen.