Fraen a Mammen BOUS spenden 8.000.-Euro

D‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Bous hun an hierer Generalverammlung Schecken u 4 Hëllefsorganisatiounen iwwerreecht. Dëst Geld ass den Erléis vum Basar, deen all Joer op Wäissen Ouschtersonndeg ofgehaale gët. D‘Fondatioun Kräizbierg krut 3000€, fir de Projet Bitzatelier am Kongo huet d‘Mme M-Jeanne Brauch 2000€ entgéint geholl, d‘Org. Nestwärme, nach eng jonk Organisatioun déi sech fir Famillje mat schwéierst kranke Kanner asetzt an d’Oeuvres paroissiales vu Bous krute jeweils 1500€. D’Fraen a Mamme soen alle Leit villmols Merci fir hir Generositéit.

Weitere Neuigkeiten von Marianne Kayser-Kill >