"d'Woch vun der Mëllech" um Bauerenhaff zu Éischt

Wou kënnt d'Mëllech hier ? Wat get alles aus Mëllech produzéiert ? A wat sinn hir Virdeeler ? All dëss Froen konnt een während der "Woch vun der Mëllech" vum 13. bis 19. Dezember 2018 kenneléieren. D'Kanner kruten Änwerten op all dës Froen, a kennen doduerch d'Virdeeler vun enger gesonder a equilibréierter Ernährung besser ze verstoen. Déi véiert Editioun vun der Woch vun der Mëllech gouf organiséiert vum Service d'économie rurale, d'Organisatiounen "Lëtzebuerger Landjugend & Jongbaueren, den Service Jeunesse-Lëtzebuerger Bauerejugend an l'Association pour la promotion des fermes d'accueil et pédagogiques au Grand-Duché de Luxembourg (APFAPL)

D'Woch vun der Mëllech huet och eng Erfollegsgeschicht. Zënter dem leschte Joer ass d'Schülerzuel vun den Erzéiungsvisiten vun 1000 bis 3000 geklomm, an d'Zuel vun den Betrieber déi sëch bedeelgen ass vun 50 op 70 rop gangen.

An dësem Kader waren zwou Schoulklassen, den Cycle 4.1 vu Kietscht mat hierer Léierin Angelika Steffen an dem Schoulmester Paul Hermes op de Baurenhaff bei d'Famill Schaack-Binck Myriam an Alain zu Éischt. Gewiesen kruten d'Kanner den grousse Stall, wou déi vill Kéi sech dran ophaalen, gefiddert a gestrach ginn. Dono gouf hinnen de groussen Tank gewiesen, wou d'Mëllech gesammelt get, an regelmässig vun engem Mëllechtank an d'Molkerei gefouert get, an do zu Botter, Rahm, Jogurth, Kéis, Glace an Drénkmellech verschaft get. Een aneren besonneschen Highlight war dat neigebuerent Källefchen dat vun de Kanner vill bewonnert gouf an ugepaakt dierft ginn. Als Ofschloss vum Moien krut all Kand eng kleng Stärkung, e Schocki an e gudd Stéck Kuch.

De neie Minister fir Landwirtschaft, de Wäibau a ländlech Entwécklung, Romain Schneider hat d'exemplaresch Verpflichtung vun alle Baueren gelueft a gesot: " Mir hoffen, dass d'Kanner déi "d'Woch vun der Mëllech" matmaachen, vun dëser Geleeënheet profitéieren fir sech eng Iddi vun der lokaler Landwirtschaft a méi speziell vun der Woch vun der Mëllech ze maachen.