Concert „Band for Ukraine“ vun den Éislécker Stëmmungsbléiser

Donneschdes, de 24. März honn d’Éislécker Stëmmungsbléiser, ënnert der Leedung vum Yves Plier, ee Concert zu Eeschwëller am Centre Culturel gespillt. No langer Covid-Paus war et de Musikanten eng Freed fir rëm däerfen opzetrieden a vun Ufank u war decidéiert, d’Recette vun dësem Owend integral un Ukrainisch Flüchtlingen ze spenden, déi hei am Land Hëllef brauchen.

Et war de Wonsch, nik einfach een Don un eng grouss Associatioun ze maachen, mee geziilt, mat Material ze hëllefen. Dofir honn d’Éislécker Stëmmungsbléiser decidéiert dem Opruff vum SNE nozegoen a Schoulmaterial ze kafen. Am Wäert vun 3600€ goufen sou 40 Schoulsäck mat Schachtelen a sämtlichem Material, wat ee fir de Schoulalldag brauch, gefëllt.

Während enger klenger Feier Donneschdes, den 28. Abrëll hunn d’Membren Loewenstein, Vesque a Mergen vum SNE, dëst Schoulmaterial zu Eeschwëller an Empfang geholl. Hinnen dofir ee grousse Merci. Déi zwee éischt Schoulsäck gungen deen Owend, stellvertriedend fir all déi anner, un zwou Schülerinnen, déi säit elo gutt zwee Méint mat hirer Mamm een neit Doheem beim Tom Malget zu Eeschwëller fonnt honn. D’Famill war och den Owend vum Concert vun de Stëmmungsbléiser am Sall present.

D’Freed bei de Meedercher war em sou méi grouss, well d’Famill um selwichten Dag vun der Iwwerreechung hire Statut hei am Land unerkannt krut. Zousätzlich hat d’Mamm vun de Meedercher deen Dag Gebuertsdag an et war gewosst, datt d’Meedercher den 02. Mee hiren éischte Schouldag am Lycée honn.

No sou ville gudden Noriichten gouf deen Owend bei engem gemittliche Patt an deem engen oder annere Stéck Toart ausklénge geloss. Engt vun den zwee Meedercher hott als Merci an Unerkennung puer Stécker um Accordeon gespillt.

Am Numm vunn den Éislécker Stëmmungsbléiser soe mir jidderengem ee ganz grousse Merci, datt dir eis um Owend vum Concert esou generéiss ënnerstëtzt hott. Nëmme mat ärer Hëllef konnte mir dëse Geste maachen.


http://www.stemmungsbleiser.lu