Konveniat vun den Ackerbauschüler aus de Joergäng 1960-1961

Um Programm stoung eng Visite vum Musée National d'Art Brassicole am Schlass zu Wooltz. Duerno gouf am Restaurant "An der Gaessen" beim Pit zu Eeschwëller e gudde Menü zervéiert. Organiséiert gouf dat vun de Kolleegen Bert Allard an Marcel Huberty, mam Wonsch sech bei gudder Gesondheet an zwee Joer erëmzegesinn.