Anja Di Bartolomeo: Toni Konfettoni

13
Jan
2024
13 Jan

D'Ettelbrécker Bibliothéik invitéiert op eng Kannerliesung, samschdes den 13.Januar 2024 um 15.00 Auer. Den "Toni Konfettoni" ass eng flott Geschicht fir Kanner vun 3 Joer un, geschriwwen an erzielt vum Anja Di Bartolomeo.

Den Toni ass ee Fuuss, dee seng Fuussefrënn mat senger gudder Laun, sengem Danzen a sengem Laache Freed mécht. Enges Dags gëtt den Toni krank, hie fillt sech eleng a wënscht sech näischt méi, wéi erëm esou ze sinn, wéi déi aner.

Mir freeën eis op äre Besuch!

Den Entrée ass fräi - keng Reservatioun!


Fir de 25. Gebuertsdag vun ALAN ASBL – Maladies Rares Luxembourg ass d’Buch Toni Konfettoni an Zesummenaarbecht vun der Schrëftstellerin, zweefach Gewënnerin vum Concours littéraire national an ALAN-Präsidentin Anja Di Bartolomeo, an der Illustratrice Snejana Granatkina entstanen.

Foto: © éditions Guy Binsfeld