Betsy Dentzer: An nach eng gutt op d'Ouer...

05
Jul
2025
05 Jul

Eng Erzielstonn mam Betsy Dentzer mat Geschichte vun hei a vun do.


An nach eng gutt op d’Ouer... well déi d’lescht Joer esou schéi war. D’Betsy Dentzer kënnt eng zweete Kéier an d’Bibliothéik mat neie Geschichte fir Häerz a Séil, fir d’Laachmuskelen an de Kappkino. Rees du och dës Kéier mat?


Samschdes, de 5.Juli 2025 sinn all Kanner vu 5 Joer un häerzlech an der Ettelbrécker Bibliothéik wëllkomm. Loosst iech iwwerraschen, um 15.00 Auer geet et lass.


Den Entrée ass fräi.

Foto © Filip Veirman