Chrëschtmaart um Haff Ditgesbaach

07
Dez
2018
07 Dez

Den Haff Ditgesbaach invitéiert Iech och dëst Joer op säin traditionnelle Chrëschtmaart mat ville flotten Stänn, guddem Iessen, Gedrénks a vill gudder Stëmmung - vu 16.00 - 22.00 Auer.


Dir hutt nach kee Kaddo fir Chrëschtdag? Entdeckt eis Kaddosiddien an déi vun eisen Invitéen: Liewen Dobaussen asbl, Autisme asbl, Jongenheem asbl, True Brew Trade sarl sinn mat um Start.


Um 16.30 kënnt de Kleeschen fir d’Kanner an um 20.00 Auer kënnt Dir eng Virféirung vun de Barock Reiter Luxemburg asbl bewonneren.


Mir freeën eis op Äre Besuch.